Aschreiwungen a weider Informatiounen zu dëser Manifestatioun op scolaires@cape.lu. Fir dësen Event gëllen d’Buchungskonditioune vum CAPE.
www.cape.lu ,
(+352) 2681 2681
CAPE, Ettelbruck
add to calendar
Luxembourg Philharmonic
Duncan Ward
Leedung
Martina Menichetti
Konzeptioun, Moderatioun, Text
Felix Mendelssohn Bartholdy: Symphonie N° 4 «Italienische» / «Italienne»
Âge: 6–11 ans
Langue: Op Lëtzebuergesch
Mir spadséieren duerch d’Stroosse vu Florenz, schlängelen eis duerch déi turbulent Gaasse vu Neapel a léiere esouguer Gladiatoren zu Roum kennen. D’Presentatrice Martina Menichetti an d’Lëtzebuerger Philharmoniker ënnert der Leedung vum Dirigent Duncan Ward huelen iech mat op eng spannend Rees an Italien, wéi de Komponist Felix Mendelssohn se ënnerholl huet. Seng «Italieenesch Symphonie» ass voller Schwong a Liewensfreed an entféiert eis mat lëschtege Kläng an di sonneg italieenesch Landschaften. A wien weess wat alles ka geschéien, wann ee sech op enger Gondel duerch di vill Kanäl zu Venedeg verléiert…
Aschreiwungen a weider Informatiounen zu dëser Manifestatioun op scolaires@cape.lu. Fir dësen Event gëllen d’Buchungskonditioune vum CAPE.
www.cape.lu ,
(+352) 2681 2681
A déjà eu lieu