Jump to page content Skip to navigation
19 March 2021

Musical treasures | Martin Kohlstedt: Nacht

by Tiffany Saska

The Philharmonie team presents its musical treasures.

Tiffany Saska Press & PR Manager
Martin Kohlstedt: Nacht. Kohlstedt Edition/Kick The Flame, 2014.

«Wann den Dämon mech berouegt…

Spice Girls, Kelly Family a Bravo Hits 98. Dat waren esou meng éischt CDen, di ech ganz stolz an mäin CD-Regal geraumt hunn. Haut leeft mäi Regal iwwer an et ass nëmmi geraumt, mee dofir fannen sech awer puer richteg Pärelen dorënner, déi ech mat ganz konkreten Momenter an Emotioune verbannen.

Musek ass bei mir omnipresent, mee ech hunn nach ëmmer leiwer selwer Musek gemaach, wéi se ze lauschteren. Wann, dann lauschteren ech se ganz bewosst an loossen mech drop an. An dene leschte Joren an denen ech vill klassesch Disken gelauschtert hunn, ass et awer besonnesch d’Fusioun vn Stiler déi mech begesschtert, beréiert an triggert.  An genau esou eng Pärel aus mengem stëpsegen CD-Regal (oder och Vinyl Regal) ass den Album ‹Nacht› vum Pianist Martin Kohlstedt. 2016, eischter zoufälleg, war ech op mengem éischte Concert vum jonke Museker den aus Thüringen kënnt an zu Weimar wunnt – meng al Studienheemscht déi mat Goethe a Schiller immens geprägt ass vun der Klassik.

De Martin Kohlstedt ass Autodidakt, dodurch villäicht méi wéi annerer geleed durch intrinsesch Motiver an Emotiounen an net durch eng ‹tippesch› musikalesch Ausbildung an Kategorie gedreckt ginn. Hien beweegt sech an engem musikalesche Raum, de just hien definéiert. Aflëss sin awer ouni Zweifel die klassesch Musek an den Elektro. Eng Kombinatioun, déi net néi an schonguernet eenzegarteg ass, ma hien als Museker ass et an mengen Aan awer.

Wat een op sengen verschiddenen Disken ‹Tag› (2012), ‹Nacht› (2014), ‹Strom› (2017) a ‹Flur› (2020) schon spiert, bestätegt sech wann hien op eng Bün kënnt. Aus dem rouegen, introvertéierten, nodenklechen an immens zerbriechlechen Mënsch gëtt en Dämon. Gefiller, Melodien, Stärken, Schwächten an nach vill méi fléissen einfach aus him raus. Kee Concert ass wéi den aaneren. Och wann seng Kompositionen op Themen opbauen, esou ass en groussen Deel och Improvisatioun fir eng gewësse Fräihaat ze behalen. Hien schaaft eng Atmosphere an spiggelt seng Stëmmung erem an déi ass, wéi kéint et annescht sinn, nie d’selwescht.

Wann ech den Disk ‹Nacht› lauschteren zitt seng Musek mech bannend Sekonnen an en aneren Zoustand. An och wann de CD eng onroueg Stëmmung vermëttelt an eng emotional ustrengend an schwéier ze dirigéieren Atmospehre ërem gëtt, esou ass di Trance déi dobäi oft entsteet fir mech zumindest och berouegend. D’Absence vun Wierder léist mir en plus bei senger Musek nach méi Spillraum, dat ze gesin waat ech wëll an waat ech an dem Moment villäicht och brauch. Hien beschränkt sech net op een Instrument an notzt nierft dem Piano och e Keyboard, Synthesizer, Loopstations an vill weider Technik. Hien verstoppt sech awer net hannert der Technik, mee brauch se fir sech méi divers auszedrécken.

Den Disk ‹Nacht› ass a bleift fir mech den Album mat den räichsten Kompositiounen. D’Wierk EXA ass am Laaf vun de Joren wuel zu sengem prägnantesten Wierk ginn – zu Recht – ouni datt een sech awer drun sat lauschtert! Mee och Stécker wéi LEH a GOL impressionnéieren mech. D‘Repetitivitéit, Dynamik an de Klang léisen an mir eppes aus, waat sos weineg zeitgenössesch Artisten gelengt. Nimm gëtt de Martin Kohlstedt senge Kompositiunen net, ma et sinn éischter Coden. Wat se heeschen? Mir sot hien eng Kéier, dëst Gehimnis wäert hien nie veroden.»